
Aktuell an Europa, virun allem a Frankräich souwéi an Däitschland gëtt iwwer een a leschter Zäit erëm staark opkomme vum Antisemitismus diskutéiert. Dobäi handelt et sech oft em eng Mëschung aus alen antisemitesche Klischeeën, populisteschen Antikapitalismus , radikalen Antizionismus a reliéis bedéngte Juddenhaass. Wat a bestëmmte rietsradikale Kreesser genau wei sou an deelweis an der lénksradikaler Szene schonn ëmmer do war, ass och elo Joer fir Joer erëm méi Präsent bei engem Deel vu muslimesche Migranten an Europa.
Mee wou elo, zemools säitens vu Medien a Politiker de Fokus méi staark op den deelweis duerch Immigratioun zouhuelenden Antisemitismus geluecht gëtt, gëtt de schoun säit längere präsenten Antizionismus gesellschaftlech scheinbar mat puer Ausname generell awer akzeptéiert an toleréiert. Kritik un der israelescher Siidlungspolitik respektiv un der israelescher Regierung ass duerchaus jidderengem säi gutt Recht an onser Demokratie. Mee wat verschidden antizionistesch NGO’en a sougenannt pro-palestinensesch Organisatiounen déi iwwer ganz Welt verdeelt sinn vun sech ginn a punkto anti-israelescher Diffamatioun respektiv Israel-feindleche Campagnen bedreiwen wei den „BDS-Movement, do gëtt awer eng Grenz vun all legitimmer Israel Kritik däitlech iwwerschratt.
Dës Zorte vun radikalen Antizionismus huet definitiv näischt méi mat engem objektiven Debat iwwert de palestinensesch-israeleschen Konflikt ze dinn, mee hëlt éischter Zich un vun enger anti-Israel Obsessioun, déi just nach an schwaarz a wäiss, Gutt a Béis ënnerscheede kann, an déi den Staat Israel net méi als een Deel vun enger méiglecher Léisung an dësem komplexe Konflikt ugesäit mee just nach als een Hindernis, déi Israel net méi als demokratesche Staat erkennt mee als „Onrechtsstaat“ gesäit ouni Mënscherechter, den Israel fir dat „ultimativ“ Iewel heelt an soumat hinnen d’Recht op al Rechtfäerdegung partout vun Ufank un ofschwätzt. Israel huet ëmmer onrecht, Israel ass den eigentlechen Agressor. Israel huet net Recht sech ze Verdeedegen, nee Israel huet gefällegst dat se maache wat sos jiddereen den een Problem mat hinnen huet verlaangt, well nëmmen dann een „Frieden“ an Zukunft méiglech wier.
Natierlech ass de Staat Israel net direkt gläich ze setzen mam Juddentum, zemools well et op der Welt genausou wei an Israel selwer Judden ginn déi Politik vum Staat Israel ofleenen an deelweis souguer den Zionismus ofleenen oder Existenz vum Israel. Mee den Versuch vun der Presidentin vum Comité pour une paix juste au Proche-Orient déi mat dem Argument , dass et Antisemitesch wär wann een dat „Vermëschen“ géif ass vun der Argumentatioun hier Schwaach an déngt der Absicht, den Antizionismus als dat ze verschleieren wat et hannert senger Fassade nämlech wierklech ass, an dat ass eng Zorte vu modernen Antisemitismus.
Zemools wéisst Madamme Kleinberg wei hypokritesch si Daach ass, an dem si den 16. Abrëll als Invité vum Dag bei 100,7, op enger Säit den Hären Mosar a Kartheiser eng geféierlech „Vermëschung“ virgeheit mee dann awer mat extrem vereinfacht populisteschen Phrasen argumentéiert an mat deels eekeleg demagogeschen Charakter hier anti-israelesch Theesen vertrëtt. Hier vereinfacht Duerstellung vun der aktueller israelescher Sécherheetspolitik an den besate Gebidder so wei am Gaza-Sträifen steet der Propaganda vun der Hamas an näischt no a schafft Ressentimenter géint Israel a géint all Persoun déi fir Israel an wei enger Form och ëmmer fir de Staat Israel Sympathie wéisst.
D’Iwwerleedung op eng vum Charakter hier antisemiteschen, anti-antiamerikanesch Diskriminatioun vum „Judd“ oder vum „Judden-Frënd“ den dat „béisst“ Israel ënnerstëtz gëtt duerch déi Aart a Weis wei Madamme Kleinberg argumentéiert nëmmen ënnerstëtzt. Si sprécht iwwert den Erhalt vum Palestinensesche Vollek an ënnerstellt Israel soumat indirekt eng Absicht, déi no hirer Logik virausseet, dass Israel een Interêt dorun hätt dat ganz palestinensesch Vollek ze „eliminéieren“. Ass dat nach gerechtfäerdegt Israel-Kritik ?
Op enger anerer Platz sprécht si vun palestinensesche Kanner déi sech virun Angscht an Box maachen, well israelesch Zaldoten an der Nuecht an een Camp andréngen. Natierlech ouni Grond, ausser natierlech, dass dat „béis“ israelesch Militär just klengen Kanner Liewen schwéier maachen well. Déi israelesch Kanner an hier Famillen déi een Trauma erlieft hunn, duerch eng vun villen Messerattacken, eng an de lëschten Joren eng nei Method vun Terroristen fir Uschléi géint israelesch Zivilisten , Polizisten an Zaldoten. An dat eent oder anert traumatiséiert Kand fënnt sech och nach wat owes mat erlieft huet wei Rakéiten op Tel-Aviv geschoss goufen oder wei eng Bomm an sengem Schoulbus explodéiert ass. Martine Kleinberg huet déi Kanner awer net genannt, an hiren zyneschen Verständnis vun dësem Konflikt existéiere Wuel just Affer op der enger Säit.
An dass Lëtzebuerg, mat der wierklech eenzeger Demokratie dem Staat Israel, ofgesi nach vum demokrateschen mee politesch instabillen Libanon, wirtschaftlech Kontakter bedreift fënnt Madamme Kleinberg iwwerhaapt net an der Rei. An hirer Schwaarz-wäiss Vue op de Konflikt sollt Lëtzebuerg nemmen „humanitär“ Projeten an Palestina ënnerstëtzen. Fro déi een sech als Opmierksamen Observateur awer stellen kann ass déi, op déi Suen och definitiv ëmmer op der richteger Platz ukommen, oder net heiansdo iwwer aner Weeër bei Organisatiounen wei der Hamas beispillsweis landen ?
Den Internetsite vun der Organisatioun Comité pour une paix juste au Proche-Orient ass sécherlech och een Bléck wäert, ofgesi vun der enger Rei Info-Materiellen iwwert d’NGO selwer respektiv iwwert Palestina an Israel, Online-Artikelen, Reklamm fir Bicher iwwert den Sujet an eng Rubrik iwwer déi international kritiséiert Boykoot Campagne BDS, fënnt een och eng Säit mat Links op Säiten vun Gläichgesënnten Organisatiounen sou wei och verschidde Online -Medien Internetsite mat éischter enger Pro-Palestinenser Gesënnung.
Eng vun deenen ass déi radikal Antizionistesch Säit „The Electronic Intifada“ , déi op der enger Säit héichgelueft gëtt fir hieren qualitativen Journalismus mee awer och deels an hefteger Kritik steet wenns verschiddenen Aussoe vun Persounen déi fir „EI“ täteg sinn, wei dat d’Organisation“NGO Monitor“ duerstellt.
Ganz intressant ze bemierken ass sécherlech och déi gutt Kooperatioun vun der Partei „déi Lénk“ an dem Comité pour une paix juste au Proche-Orient.
Diskussioun iwwer een erëm wuessenden Antisemitismus an Europa muss och hei zu Lëtzebuerg gefouert ginn, an et läit an der Verantwortung vun eiser westlech-demokratescher Gesellschaft, dass déi Diskussioun grëndlech gefouert gëtt. Et geet net duer just direkt erkennbaren Antisemitismus ze kritiséieren, mee och net offensichtlechen Antisemitismus ze identifizéieren. De franséischen President Emmanuel Macron seet iwwert den Antizionismus, dass et leedlech eng erëm erfonnten Zorte vun Antisemitismus ass.
Eng Interessant Aussoe déi een sech sécherlech zu Häerz huele kann, zemools wann et drëms geet déi richteg Wieder ze fannen bei senger eegener Kritik un Israel. Well wei heescht et sou schéin ; „Der Weg zur Hölle ist mit guten Vorsätzen gepflastert“ .
Eng Interessant Dokumentatioun zum Thema NGO’s an Israel:



